Zanter 5 Joer kréien d'Kanner an der Klinik vum CHL Kaddoe vun de Star-Wars-Personnagen.

Dës Aktioun soll de jonke Patienten d'Angscht virum Spidol huelen an hinnen dës Chrëschtdeeg e bëssi méi agreabel gestalten. Kaddoen am Wäert vun 1.500 Euro ginn esou bannent zwou Stonne verdeelt. 7 Star-Wars-Gestalte waren op de Gäng vun der Kannerklinik e Méindeg am Nomëtteg ënnerwee.