Hir Partner, de britteschen Acteur Callum Turner, soll d'Sängerin iwwert d'Feierdeeg gefrot hunn, hien ze bestueden.

Dat op alle Fall mellt déi brittesch "Sun" a berifft sech dobäi op Sourcen aus dem Ëmfeld vun der Koppel.

D'Verlobungsfeier soll op Silvester organiséiert. Do wäert d'Koppel mat Frënn a Famill zu London feieren. D'Sängerin hat berufflech dat bescht Joer vun hirer Karriär hannert sech an d'Verlobung wier elo "d'Kiischt um Kuch", esou ee Bekannte weider.