Nei Comedy-Show
No 15 Joer Paus melle sech den Yves Desquiotz a Guy Lepage zeréck
Viru 15 Joer gouf et zu Lëtzebuerg eng Comedy-Show mam Numm "Léiwer Bi ewéi ni". Dono huet een net méi vill vum Duo Yves Desquiotz a Guy Lepage héieren.
Den Yves war als "Dieter D." ënnerwee an de Guy hat aner Projeten, ma elo melle si sech zeréck mat enger neier Comedy-Show an engem Lidd.
Deenen zwee hiren Dram ass et, dass hiert Lidd "Picon Béier" e Fues-Hit gëtt. Mir waren déi zwee an de Studio besichen a kucken, wat den Yves an de Guy sech elo alles virgeholl hu fir d'Zukunft.
Am meeschte gelies