Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm Reese mat der Bunn, Reese mam Moto an eng satiresch Rees an d'Joer 2024.

De Carlo Lanners ass pensionéierten Eisebunner an huet e Buch iwwer seng Reesen um europäeschen Schinnenetz erausbruecht. Als passionéierten Verfechter vum ëffentlechen Transport léisst hien den Auto am Garage an deplacéiert sech iwwerall mam Zuch. Seng Impressiounen huet hien elo ënnert dem Motto 'Reisewege - Abenteuer und Reflexionen eines Bahnreisenden' verschafft, wou et him awer manner ëm d'Schéinheeten geet, op déi ee stéisst, mee éischter ëm d'Leit, déi ee begéint, déi philosophesch Erkenntnisser, déi ee sammelt an déi eenzel Facetten, déi sou Trippen duerch Europa engem bréngen. Facebook: Carlo Lanners

RTL

De Jorge Valente reest zanter 10 Joer zesummen mam Anabela um Moto ronderëm d'Welt a publizéiert faarweg Impressiounen. Am Magasinn 'Diaries of' dokumentéieren si am Text a Bild hir Reesen a weisen, wéi verschidden Land a Leit, d'Landschaften a Bräich sinn. Den 21. Deel vun der Broschür ass eng 'Best of'-Editioun, wou si e puer Highlighten aus de leschten Jore verschafft hunn, dee vill verschidde Kulture weist. Silvester huet d'Koppel zu Lombok op dem zweethéchsten Vulkan an Indonesien op 3.700 Meter verbruecht an aktuell sinn déi zwee zu Flores nieft der Komodo-Insel, wou een déi berüümt berüchtegt Waranen gesäit. diariesofmagazine.com

RTL

De Rol Gelhausen schreift Cabaretstexter fir sech an anerer an ass aktuell mat sengem satiresche Joresréckbléck op Tournée. #Flashback #Heeschesäck #HuMerSossKengPéng? ginn en Abléck a wat een déi nächst Wochen nach zu Ettelbréck, Koplescht, Lenneng a Beetebuerg erwaart. 1975 stoung hien eng éischte Kéier zu Kanech op enger Bün. 5 Joer drop huet hien de 'Kanecher Kabaret' an d'Liewen geruff an zanterhier schreift hie Stécker fir d'Lëtzebuerger Revue, de Kabarä Feierstëppler oder d'Makadammen an 2000 huet hien de Cabaretsensembel 'Cabarenert' gegrënnt. Nom Doud vum Jay Schiltz gesäit een hien elo nees solo op der Bün. Facebook: Roland Gelhausen

RTL