Esou mécht ee Pasteis de Nata!
Fir eppes direkt kloer ze stellen: Ee Pastel de Nata ass net einfach ee klenge Flan.
Op d’mannst behaapt dat d’Carina Ferreira, d’Gerante vun enger portugisescher Patisserie zu Schëffleng. Et ass ee klenge Clin d’oeil op eng mëttlerweil kultesch Zeen aus dem Film “Opération Portugal”, wou et genee ëm dee Verglach geet. Ee Pastel de Nata géif anescht gemaach gi wéi e Flan a mat aneren Ingredienten, seet d’Carina a stellt eis hire Patissier, den Alvaro Pereira vir.
“All Patissier huet seng Geheimnisser”
Mir dierfen dem Alvaro iwwer d’Schëller kucken, wärend hie vun A bis Z d’Pasteis de Nata mécht. Hei gëtt alles op der Hand gemaach. Dat wier déi bescht an traditionell Method, esou den Alvaro Pereira. Och wa jidderee wéisst, wéi ee Pasteis de Nata mécht, hätt all Patissier seng kleng Geheimnisser. Dofir schmaachen déi kleng Täertercher dacks och ënnerschiddlech. “Patissier ass fir mech dee schéinste Beruff op der Welt”, seet den Alvaro. Et si Gesten, déi hie schonn 1.000 Mol gemaach huet. Vun der Zitrounen-Zeste, déi hien op der Hand schielt bis bei d’Forme vum Bliederdeeg. Säi perséinlecht Geheimnis am Rezept verréit hien eis natierlech net.
D’Geschicht vun de Pasteis de Nata
Et gëtt gesot, dass Uerdensleit aus engem Klouschter zu Lissabon ufanks vum 17. Joerhonnert dës Täertchen erfonnt hätten. Si wollten hir Stocken un Eegiel lass ginn, déi bei der Produktioun vun Hostien iwwreg bliwwe sinn, vue dass do just d’Eewäiss gebraucht gëtt.
De Gastronomie-Historiker Virgílio Nogueiro Gomes erënnert sengersäits dorun, dass 1729 dat éischt Rezept aus dem Klouschter Santa Ana bei Evora nogewise konnt ginn. Mee scho virdrun, am Joer 1710, wiere se vun de Nonnen zu Braga verkaf ginn.
Wuertwiertlech iwwersat bedeit de Begrëff Pastel de Nata (am Pluriel Pasteis) op Portugisesch “Patisserie mat Crème”. Et fënnt ee se awer och ënnert engem aneren Numm: Pasteis de Belém. Awer nëmme wa se an der “Fabrica do Pasteis de Belém” zu Lissabon hiergestallt gi sinn, déi 1837 opgemaach huet, nodeems een dat vun de Mönchen iwwerliwwert Rezept kritt hätt. Et kann een d’Produktioun iwweregens besichen – ausser de Raum, an deem den Deeg an d’Crème hiergestallt ginn.
Dat soll e Geheimnis bleiwen!
An apropos portugisesch Kichen: An 8 Episode geet d'Anne Faber fir eis elo all Donneschden op Entdeckungsrees uechter Portugal, op der Sich no kulinareschen Highlights a Lëtzebuerger Connections. Ugefaangen an der Haaptstad zu Lissabon, wou et nei Rezepter entdeckt a bei Sonnenënnergang e gudde Maufel genéisst, nodeems et zesumme mat engem Kolleeg déi schéinsten Ecker vun der Stad um Atlantik kennegeléiert huet.
D'Sendung "Bom Dia Anne" dann ëmmer donneschdes um 19 Auer op RTL Télé.