Tammy Diderich, 'Släpstick' a Pauline Dubreucq
Dës Woch dréit sech am LIVE! Planet People alles ronderëm gesond Iessen, Clownen an Eurodesk.
Als Dieteticienne weess d'Tammy Diderich net just, wat gutt schmaacht, mee och wat gesond ass. Si schafft am Sportlycée a stellt Iessprogrammer op. An hirer Fräizäit mécht d'Tammy selwer vill Sport wéi Krav Maga, lafen, Fitness oder ebe kachen. "Cook it like Tammy - Einfach vegetarisch' si 50 Liblingsrezepter, déi een ouni vill Opwand nokachen oder nomaache kann. Et dréit sech ëm gesond Iddie fir moies, mëttes an owes oder Snacks fir tëschenduerch. Bei all Rezept gëtt och genee beschriwwen, wat ee brauch, an et gëtt ee gewuer, wéi vill Kalorien an Nierwäert d'Recetten hunn. www.instagram.com/nutritammy

Déi 5 Clowne vu 'Släpstick' inspiréiere sech un der Stommfilmzäit a sinn e Sonndeg zu Maarnech am Cube 521. Déi hollännesch Formatioun presentéiert eng turbulent a grandios inzenéiert Show, wou all Toun sëtzt an donieft och nach e Laachmuskelkater garantéiert ass an ee mat vill Ouerewierm de Sall verléisst. De Quintett huet et drop a versprécht moudesch Kostümer, eng perfekt Deko a wou Verwiesslunge virprogramméiert sinn. 'Släpstick' ass beschten Entertainment, deen en Hommage un d'1920er Jore mécht mat 5 Perfektionisten, déi hiert Fach beherrschen. www.slapstick.nl www.cube521.lu

D'Pauline Dubreucq war 2 Méint zu Kavala a Griichenland an huet Schoulkanner bei Sproochecoursë gehollef. Vermëttelt gi war déi jonk Fra vun 'Eurodesk', wou ee fir e puer Méint en Austauschprogramm eraussiche kann, deen engem zouseet, a wou de ganze Projet finanziell vun der europäescher Kommissioun iwwerholl gëtt. Dem Pauline seng Aufgab war et zum Beispill, Kanner am Engleschen ze hëllefen an dat goung am beschte spilleresch, nieft Exercicer, déi op en Exame preparéiere sollten. Wärend den zwee Méint huet d'Pauline bei enger Famill gelieft an huet sou och d'Kultur an d'Géigend kennegeléiert. www.eurodesk.lu
