Laure Demontis, David Garrett souwéi Victoria Alonso a Reza Faqeri
Dës Woch am Am LIVE! Planet People geet et ëm flott Illustratiounen a Biller, e Concert an Äiskonschtlaf
D'Laure Demontis illustréiert net just Bicher, mee zeechent och Portraiten a produzéiert kleng Animatiounen an T-Shirten. De Minettsdapp war zu Esch op enger E-Sektioun an duerno ass de Wee op d'Hochschule Trier gaangen, wou d'Kënschtlerin e Bachelor of Arts a Kommunikatiounsdesign gemaach huet. Verschidden Ausstellungen, de Bookathlon vum SNJ, d'Illustratioun vu "Blo Luucht iwwerall" oder dem Marc Weydert säi Kannerbuch "Alarm am Geessenhaus" koumen no. Aktuell kritt een Portraite gemoolt fir allméiglech Geleeënheeten oder et gëtt flott Pulloveren, T-Shirten an Torschongen, déi duerch hiren originellen Design opfalen.
Den David Garrett reest duerch déi ganz Welt a mécht de 14. Mee an der Rockhal Statioun mat der "Millennium Symphony World Tour 2025". Do spillt hien op senger Gei déi beschte Lidder aus de leschte 25 Joer zesumme mat sengem Orchester. D'Rees geet queesch duerch Däitschland, Éisträich, d'Schwäiz a vill aner Länner a féiert och bei d'Fans op Lëtzebuerg. Mat 5 Millioune verkaaften CDen an 5,6 Billioune Streams ass hie weltwäit e renomméierte Kënschtler, deen och schonn 14 Platin- souwéi 32 Golddiske krut, an op 1.600 Live-Concerten zréckkucke kann, wou hien op 4 Milliounen Museksfrënn gestouss ass.
D'Victoria Alonso an de Reza Faqeri sinn Äiskonschtlafdänzer a schaffen als Koppel haart un hirer Karriär um Äis. En éischte Präis an der Kategorie Free Dance huet, wann een esou wëll, déi zwee nach méi éiergäizeg gemaach. Doropshin gouf et nach Diplomer als Champions nationaux en danse sur glace an Optrëtter bei grousse Galaen. De 5. a 6. Abrëll si si bei enger Interclub-Competitioun zu Lyon an Ufank Mee ass nach eng weider Competitioun zu Lëtzebuerg. De grousse Wonsch ass awer, als Profien d'Welt z'erueweren a vill Medailen um Äis ze gewannen.