Bedeitendst Designer aus der Moud-Welt presentéieren hir neist Kollektiounen
All Joer tëscht Januar a Mäerz an am September an Oktober ginn an de Fashionmetropolen uechter d'Welt d'nei Kollektioune vun de groussen Designer gewisen.
New York, Mailand, London a Paräis sinn d‘Big Four, wann et ëm déi gréissten a schéinsten Defiléë vun der Welt geet. Klassesch, onendlech an zäitlos – dem Coco Chanel säi Liewenswierk. Tweed-Jacketten, Pastell-Faarwen a wéi kann et net aneschters sinn: dat Ganzt am Grand Palais zu Paräis virun engem héich-selektive Publikum. En änlecht Bild bei Dior. Hei awer méi gewinnt mat verspillte Looks, Pärelen a Blummemusteren. D'Haute-Couture-Fashion-Shows sinn ëmmer schonn Enn Januar an der franséischer Haaptstad. Haute Couture ass d‘Kinneksdisziplin an der Moud. Nëmmen déi deierste Materialien dierfe verschafft ginn an alles muss op der Hand gemaach sinn. Et sinn Eenzelstécker an all déi grouss Nimm aus der Branche wëllen an där Liga ganz uewe matspillen. Well eng Haute-Couture-Kollektioun dierf ee just maachen, wann ee säin Haaptsëtz zu Paräis huet. An dat ass nëmmen ee vun de Krittären. Well och net all Client dierf dës Konschtstécker kafen.
"D‘Zil vun der Fashion Week ass et, ëmmer d‘Kollektioune vun der neier Saison ze weisen an dat virun der Press, Akeefer fir grouss Handelshaiser an Influencer aus der Industrie. An dat geet vu bis. Ob Promien, Content Creators, Reporter fir Zeitungen oder Online-Redakteren", sou den Aaron Royce, e Fashion-News-Reporter.
D’New York Fashion Week ass bekannt fir hir ausgefalen a gewote Kollektiounen. Hei si souwuel déi grouss Giganten aus der Branche vertrueden, wéi och déi nei geckeg Createuren. An der Nokrichszäit vum Zweete Weltkrich gouf dës gegrënnt, fir och amerikaneschen Designer eng Plattform ze ginn. Dat heescht vu Februar bis Mäerz gëtt ëmmer d‘Kollektioun fir d‘Hierscht-Wanter-Saison gewisen an am Hierscht, also September bis Oktober, weisen d‘Designer hir Kollektioun fir d‘Fréijoer an de Summer. Dëst Joer besonnesch zu New York. No sechs an engem hallwe Joer Paus ass Calvin Klein nees zréck um Catwalk ënnert der neier Kreativdirektesch Veronica Leoni. Ma wat awer virun allem an de leschte Jore changéiert hätt, wier de Fait, dass och ëmmer méi de breede Public Accès zu de Fashion Shows huet. Machbar duerch déi sozial Medien.
Eng weider Neiegkeet bei dëser Editioun: Et gëtt net méi nëmmen eng zentraliséiert Plaz, wou all d‘Designer hir Kollektiounen op de Catwalk bréngen, mee et gi verschidde Plaze verdeelt uechter de Big Apple. Domadder sinn zwee vun de Big Four vun de Fashion Weeks erduerch. Enn des Mounts ass et nach u London a Mailand.