Dës Woch am LIVE! Planet People geet et ëm elektronesch Musek, Mobbing an der Schoul, Schlittschong fueren a Poetry Slam.

Den DJ Nosi huet Ufank Februar "So Good" erausbruecht a knapps eng Woch drop war hien op 450.000 Streams. Mat 17 Joer huet hien decidéiert, d'Fussballschong un de Nol ze hänken an DJ ze ginn. De beschten Push hat hien 2019 mam Lidd "Schëdden" wat e grousse Succès war. Elo gëtt hien ëmmer méi professionell a leet net just op all de grousse Festivallen hei am Land op, wéi um LOA, dem e-Lake oder dem City Sounds am Virprogramm vum Robin Schulz, ma wann et him nogeet, dauert et net méi laang bis bei en Optrëtt um Tomorrowland.

De Carsten Stahl presentéiert de 26. Februar um Geesseknäppchen säin Anti-Mobbing-Schoulkonzept. De fréieren Acteur aus der Serie "Privatdetektive im Einsatz", an där hien 289 Mol ze gesi war, huet sech d'Aarbecht mat Jonken zur Liewensaufgab gemaach. Hie geet a Schoulen a schwätzt virun hinnen a mat hinnen. Um Geesseknäppchen ass hien op Invitatioun vun dem CePAS (Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires). Zil ass et d'Potential vun ALL Schüler ze fërderen.

De Peter Murphy ass schëtzeg op Schlittschong ënnerwee an ass meeschtens virbäi am Shorttrack. Zanter 2017 ass säin Numm e Begrëff, wéi hie beim "Festival olympique de la jeunesse européenne FOJE" iwwer 1.500m bei de Junioren mat enger Goldmedail zréckkomm ass. Aktuell studéiert an trainéiert hien zu Heerenveen an Holland an ass just zréck vun de "Winter World University Games", déi zu Turin waren. Säin Haaptzil 2025 ass d'Qualifikatioun fir d'Spiller 2026.

Den Andy Strauss weess mat Wieder ëmzegoen a kënnt den 28. Februar op Nidderaanwen fir eng Soirée mat Poetry Slam. A senger Funktioun als "Slam Master" wäert hien deen Owend am Kulturhaus 6 talentéiert Poeten openaner lassloossen, dorënner och 2 Lëtzebuerger. Zesummen mat eenzegaartegen Texter gëtt sech gebattelt an d'Bün gëtt zu enger Plattform vu Kreativitéit a Passioun, wou och bestëmmt genuch gelaacht gëtt. Dofir suergt och den Auteur vu Bicher wéi "EstablishMensch" oder "Albträumer".