D'Fuesend gëtt Mega!
Gewannt Tickete fir de Clochardsbal

Dëse Samschdeg vun 21 Auer un, gëtt dee grousse Clochardsbal gefeiert an dëst Joer suergen de Mickie Krause an d’Ingrid Schwarz Band – fir Megastëmmung zu Déifferdeng. A fir deen Owend mat allerbeschter Fuesmusek a -stëmmung ze komplettéieren ass och den DJ Christian du Coin mat vun der Partie!
Dir hutt elo d’Méiglechkeet fir Entréestickete fir de Clochardsbal ze gewannen. Maacht séier mat bei eisem klenge Fuesquiz a mat e bësse Chance hutt Dir d’Méiglechkeet fir dëse Samschdeg d’Megafuesend ze feieren.
Den Diffbus fiert bis 3:30 Auer an der Nuecht. Den Entréespräis fir de Clochardsbal: 10 € (Virverkaf), 15 € (Oweskeess).
Am meeschte gelies