Viktoria Mladenovski, Saskia Valencia a Franky Hippert
Dës Woch am LIVE! Planet People geet et ëm d'"Wimmelbuch Rotondes", Theater zu Maarnech a Formel 1 op RTL.
D'Viktoria Mladenovski ass frou mat Faarwen, an dat gesäit een och am 'Wimmelbuch Rotondes'. D'Illustratrice huet sech hei op 7 Dueblsäiten defouléiert an déi eenzel Beruffer, déi an de Rotondë vertruede sinn, faarweg festgehalen. E Buch ganz sécher fir Kanner awer net nëmmen. D'Lëtzebuergerin, déi zu Berlin lieft a schafft, realiséiert meeschtens Projete fir grouss Marken, déi ee kennt. A wa si net beruffsbedéngt virum Ecran hänkt, schafft si gären am Leem a sicht esou no neier Inspiratioun. www.viktoriamladenovski.com

D'Saskia Valencia kennt een duerch GZSZ oder 'Das Traumschiff', awer och bei 'Sturm der Liebe' a 'Rosamunde Pilcher' huet si matgespillt. Nächste Freideg kënnt d'Actrice mat engem Theaterstéck op Maarnech, dat och schonn verfilmt gouf. "Das perfekte Geheimnis' wou 3 Koppelen an een Singel e schéinen Owend verbréngen wëllen a wou d'Handyen mat Uriff a geschriwwen Noriichten hinnen e Stréch duerch d'Rechnung maachen. 'Perfetti sconosciuti' ass eng spannend Gesellschaftskomédie, déi e Freideg 14/03 zu Maarnech am Cube 521 opgefouert gëtt. www.cube521.lu

De Franky Hippert freet sech op déi nei F1 Saison a stëmmt eis an mat Newcomer, séieren Autoen, grousse Wiessel a vill Rumeuren. Mam 'Grousse Präis vun Australien' geet et nächste Weekend un, a spéitstens den 7/12 zu Abu Dhabi ass gewosst, ob de Max Verstappen nees säin eegne Successeur gëtt oder mir um Enn en anere Weltmeeschter kréien. Bis dohinner versprécht den Trio Serge Pauly, Franky Hippert an Tom Hoffmann zesumme mam RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl eng ofwiesslungsräich Saison, wou hoffentlech fir genuch Spannung gesuergt ass. www.rtl.lu/sport/f1
