Vum 5. bis de 7. Mäerz war de Grand-Duc fir eng Visitt zu Porto an zu Carregal do Sal.

Wéi een op de Fotoen op Instagram erkennt war hien net eleng op där Visitt, mä mat enger Lëtzebuerger Delegatioun, zesummegestallt aus Studente souwéi Vertrieder vun der Stad Esch an dem Resistenzmusée. Begleet goufe si vum President Marcelo Rebelo de Sousa.

Ënner anerem stoung eng Visitt vum Musée Aristides de Sousa Mendes* op der Dagesuerdnung, deen am Juli 2024 eréischt ageweit gouf. An do huet dann och eng speziell Iwwerraschung gewaart.

"Gudde Moie son Altesse! Jo, mir sinn och vu Lëtzebuerg" - esou gouf de Lëtzebuerger Staatschef en Donneschdeg a Portugal vun engem Grupp Lëtzebuerger begréisst.

Ganz iwwerrascht, esou vill Landsleit virum Musée Artistides de Sousa Mendes zu Carregal do Sal ze gesinn, huet de Grand-Duc et sech net huele gelooss, si perséinlech ze begréissen.

*Den Diplomat Sousa Mendes hat sech deemools dem Uerder vum Salazar-Regime widdersat an esou 30.000 Persounen d'Liewe gerett. Hien hat der groussherzoglecher Famill an anere Membere vun der Regierung 1940 och dobäi gehollef, an den Exil ze flüchten.