Egal ob Sushi, Burger oder Pasta. Jiddereen huet seng eege Meenung, wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.

No der beschter Pizza, beschte Sushi,beschte Kebab a rezent, dem beschte portugisesche Restaurant am Land, siche mer dës Kéier déi bescht Kniddelen zu Lëtzebuerg.

Kloer, et léisst sech driwwer streiden wou de Plat elo genee hierkënnt, dierft wuel ni genee gekläert ginn... Ma dach dierft et wuel onëmstridden dat Iesse sinn, dat vill Leit mam Grand-Duché verbannen, jo et kéint ee bal soen, dass et een vun eisen National-Platen ass.

Miel, Salz, Eeër a Mëllech... dat sinn a sech d'Grond-Ingredienten fir traditionell Kniddelen ze maachen. Kléngt einfach a banal, an dach huet all Stot seng eege kleng Tricken, Erfarungen a Twisten, déi d'Kniddelen zum Schluss besonnesch gutt gi loossen. Kënnt Spruddelwaasser an den Deeg? Wéi laang muss den Deeg roue gelooss ginn? Ugebroden oder net? Dacks ginn d'Rezepter souguer an der Famill schonn zënter Generatioune weider ginn.

Donieft ginn et och nach eng sëllege verschidde Variatiounen, sief et ugebrode mat oder ouni Speck oder mat enger Ram-Zooss, respektiv mat oder ouni Äppelkompott. Mëttlerweil ass et och net méi onüblech, sech d'Kniddelen beispillsweis mat enger Tomatenzooss oder enger Moschterzooss a Wäinzoossissen schmaachen ze loossen. Der Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat, d'Miel-Kniddelen passe praktesch bei alles.

D'Méiglechkeete schénge breet gefächert ze sinn, ma de Star ass a bleiwen déi bëssfest Miel-Klompen, déi praktesch jidderengem ze schmaache schéngen. An och iwwert d'Grenz ewech, ginn et dës deel joerhonnertenal Miel-Spezialitéiten an alle méigleche Nimm, Formen a Varianten. Dës si mol gefëllt mat Fleesch oder Geméis, mol häerzhaft, mol séiss. An dach ënnerscheede sech d'Lëtzebuerger Kniddelen vun beispillsweis "Thüringer Klöße" an Däitschland oder "Marillenknödel" aus Éisträich dann dach nees ganz kloer. Et ass eben eis eegen Aart a Weis, eng Miel-Kniddel zouzebereeden an ze zerwéieren.

Och wa Kniddelen traditionell doheem am Stot gemaach goufen an natierlech ëmmer nach ginn an éischter als einfacht Iesse gëllt, ginn et mëttlerweil extrem vill Plazen an der Restauratioun, wou een se sech bestelle kann. Virun allem a Restauranten a Bistroen, an deenen een traditionellt lëtzebuergescht Iesse kritt, dierfen d'Kniddelen net op der Kaart feelen. Awer och op Stänn oder Foodtrucken fënnt ee Kniddelen ëmmer méi dacks.

An elo sidd dir nees gefrot! Dir kennt DÉI Adress am Land, fir e gudden Teller Kniddelen iessen ze goen? Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert är léifste Plaz un d'Spëtzt vun eiser aktueller Editioun vum RTL-Readers' Choice!

Maach also elo bei eiser Ëmfro mat, all Stëmm zielt!

Verrot eis, wou Dir am léifsten Kniddelen iesse gitt, respektiv se eventuell souguer siche gitt! Maacht also drënner bei eisem Vott mat, well Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech déi Plaz, déi vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers' Choice-Auszeechnung fir déi bescht Kniddelen zu Lëtzebuerg freeën.

Alleguerte Restauranten, Foodtrucken oder soss Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.