Dës Woch am LIVE! Planet People geet et ëm d'Band "Chapter Two", d'Lëtzebuerger Rugbynationalekipp an en Nowuess-Realisateur.

Den Tom Bellion huet fir den 30. Abrëll "Chapter Two" nees aktivéiert an de Concert ass zu Welleschten am Leeë-Sall. Mat Lidder wéi "Eng Stonn an der Sonn", "Turn your Radio on", "Stalingrad" oder "Children of Somalia" hu se vun 1983 un vill Disken verkaaft an d'Säll gefëllt. Mat déi gréissten Optrëtt déi Zäit, hat d'Band um "Rock um Knuedler" oder beim "Concert fir Afrika" 1985 an den Ausstellungshalen. Ronn 40 Joer méi spéit huet d'Stammekipp elo e puer Woche geprouft a mécht en eemolege Comeback. Déi schlecht Nouvelle: de Concert ass leider schonn ausverkaaft.

RTL

Den Anthony Drennan preparéiert sech mat der Nationalekipp am Rugby op zwou schwéier Partië géint Polen a Schweden. Den Anthony ass de Fils vun ireschen Elteren an ass hei am Land gebuer an opgewuess. Mat 10 Joer huet hien ugefaangen, Rugby ze spillen an ass duerno an de Sportlycée gaangen, wou seng Karriär eréischt richteg lancéiert gouf. Den "Tony" wéi e genannt gëtt, spillt aktuell zu London fir de Blackheath RFC a bei eiser Nationalekipp ass hien zouversiichtlech a vertraut op d'Experienz vum Coach James Kent.

RTL

De Pit Serrig huet mat sengem Film "The old chairs" de "Best student shortfilm" gewonnen. Mat senge 15 Joer ass hie schonn en alen Hues am Filmbusiness. De Student, deen aktuell an der "Bildtechnikersektioun" am Arts et Métiers ageschriwwen ass, huet ëm déi 120 Projete matgemaach. Zanter sechs Joer mécht hie Filmer a gëtt ëmmer méi professionell. Op sechs Festivalle ronderëm d'Welt huet hie scho Präisser kritt an de Moment ass hien an der offizieller Selektioun op aacht verschidde Festivaller vu Venezuela iwwer LA bis Roum. Fannt hei säin Instagram-Account.

RTL