D'Chippendales kommen nees op Lëtzebuerg

© Ganzmann
Am Hierscht gëtt et nach emol waarm oder besser gesot, an der Rockhal wäerten d'Dammen nach emol esou richteg ugeheizt ginn.
Si gehéieren zur bekanntster "Male-Showgrupp" op der Welt a besonnesch de weibleche Fans muss een net zweemol erklären, wien dann do genee de 25. Oktober dëst Joer an d'Rockhal kënnt. Et sinn déi Männer, déi dofir suergen, dass vill Fraen hir gutt Kannerstuff vergiessen. Rieds geet vun den Chippendales!
Versprach gëtt eng wëll Nuecht geluede mat sënnleche Momenter an enger elektriséierender Energie, wou e Grupp duerchtrainéiert Männer hir Muskele spille loossen a mat hirem Sexappeal fir eng wëll Nuecht mat sexy Iwwerraschunge suerge wäerten.
Mat hirer "All Night Long Tour" erwaart de weibleche Public, wéi et heescht" déi bis ewell beschte Show an der Geschicht vun den Chippendales an da mat "frëscher Besetzung" an "Performancen, déi engem den Otem huelen".
D'Tickete fir d'sexy Show kritt een online ze kafen op www.luxembourg-ticket.lu oder nach op www.kultopolis.com. Et gëtt och eng Ticket-Hotline: +352 4708951