Dës Woch am LIVE! Planet People geet et ëm Musek, Aarmdrécken, Jazz-Festival an

D'Caroline Clement huet sech un hirer Urgroussbom inspiréiert an als 'Duo Moschterkett', Musek erausbruecht. De Projet ass e klenge Spin-off vun hirer gemeinsamer psychedelescher Rockband 'Damn Deal Done' wou d'Caroline an den André Thilges d'Iddi haten, Lidder op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Bei 'Lompen, hu der Lompen' huet d'Caroline sech un engem Text vun hirem Papp Etienne Clement inspiréiert. Hien ass, wou hien ganz kleng war nach mat senger Bom queescht duerch d'Land Schrott a Lompe sammele gefuer. www.moschterkett.bandcamp.com

RTL

De Roman Christian Bogdan mécht Aarmdrécken a schléit déi international Konkurrenz mat riets. Viru kuerzem war hie mat sengem Brudder Roman Alessandro a sengem Papp Roman Bogdan (President vun der Luxembourg Armwrestling Federation) zu Rovato an der Lombardei. 700 Athleten aus 18 Natiounen hate sech afonnt a bei de Junioren (+70 Kilo) huet hie sech als éischten duerchgesat. Den XVII. Super Match, dee vum italieeneschen Aarmdréckverband organiséiert gëtt, ass ee vun de prestigiéisten Concoursen an Europa. Facebook:Luxembourg Armwrestling Federation

RTL

De Curtis Stigers dierf op kenger Party mat senge Slowen feelen an dëse Freideg ass hien zu Diddeleng um Festival 'Like a Jazz Machine', wou hien och d'lescht Joer scho mat senger Band op der Bün stoung. 'Songs From My Kitchen' ass den neien Album vun deem Sänger, deen 1991 den Ouerewuerm 'I wonder why' erausbruecht huet an ee Joer méi spéit mat 'You’re All That Matters to Me' nees en Nerv getraff huet. Mat 30 Joer Karriär steet hien eemol wéi d'anert gären op der Bün an deelt seng Musek mat de Fans. jazzmachine.lu, curtisstigers.com

RTL

Nach knapp e Mount bis bei de groussen Téléviedag 2025 an als Warm-up gëtt et all Joer de groussen Télévie-Challenge bei RTL. Et ass déi 19. Editioun vun dësem Highlight aus dem Télévie-Kalenner. 23 Ekippen vun RTL a BCE struewelen 450 Minutten laang, dorënner den Elmar Heggen (COO a stellvertriedende CEO vum RTL Group) a Christophe Goossens (CEO RTL Lëtzebuerg). Si all kréien prominent Verstäerkung aus Kultur a Politik mam Laura Thorn, Georges Mischo, Claude Wiseler, Mars Di Bartolomeo, Léon Gloden, Max Hahn, Martine Deprez, Martine Hansen, Carole Hartmann, Ben Polidori, Sam Tanson a Mandy Minella. Och bekannte Sportler sinn dobäi, wéi d’Cycliste Laurent a Lex Reichling, d’Liichtathletinnen Vera Hoffmann a Patrizia Van der Weken, d’Schwëmmer Julien Henx a Laurent Carnol an den Ex-Profi-Cyclist Laurent Didier. A wat si sech méi dru ginn, wat de Scheck méi déck ausfält. www.televie.lu

RTL