Déi vill faarweg Plaze falen engem direkt an d'A
Vill Uertschaften uechter d'Land sinn am Fréijoersféiwer an dekoréiere fläisseg fir Ouschteren. Ob Huesen, Ouschtereeër oder Ouschterblummen.
Wärend der Adventszäit fält d'Chrëschtdekoratioun an den Uertschaften engem direkt op. Si suergt fir flott Stëmmung wärend de laange Wanterméint. Elo fir den Optakt vum Fréijoer sinn et d'Dekoratioune ronderëm Ouschteren, déi d'Dierfer an d'Stied verschéineren.
Aus Holz geschnëtzten Ouschterhuesen a faarweg Ouschtereeër mat Blummen dekoréiert. Op ville Plazen am Land gesäit ee se. Scho vu Wäitem laachen d'Ouschterhuesen engem entgéint. No engem laange Wanter, wärend deem d'Deeg kuerz waren an d'Wieder engem dacks op d'Nerve gaangen ass, ass d'Natur zanter Wochen amgaangen ze erwächen.
Ronn zwou Woche virun Ouschteren hu vill Gemengepäpp a Gemengemammen hir respektiv Servicer gefrot, d'Entrée vun den Uertschaften op d'Joreszäit ze trimmen. Der Fantasie an den Iddie vun de Leit ware keng Grenze gesat.
"Ech hunn nach ni souvill positive Feedback fir eng Iddi kritt, ewéi fir dës", esou e ganz houfrege François Sauber, Buergermeeschter vu Walfer.
Och an der Gemeng Suessem, wou mir mat der Kamera ënnerwee waren, ass d'Begeeschterung fir des Initiativ grouss. "Eis Schräinerei huet déi holzen Haisercher wärend e puer Woche gebastelt. Do wou d'Leit sech begéinen, soll et no Ouschteren ausgesinn", sou d'Simone Asselborn-Bintz, Buergermeeschtesch vu Suessem.