D'Mariette Zenners oder de Franky Hippert als Action-Figur. D'Social-Media-Ekipp huet dës mat KI entstoe gelooss.

Mat ChatGPT kann een net nëmmen Texter schreiwen oder Froe beäntwere loossen, mee och kreativ Biller generéieren.
 
Aktuell sinn déi sougenannt "Starterpack"-Figuren zu engem reegelrechten Trend op Instagram ginn.
 
Déi stiliséiert Personnagë gi mat Hëllef vun AI generéiert an op eng iwwerdriwwen Aart duergestallt. 
 
E Beispill
 
Eng Figur mat risege Kopfhörer, Kaffisbecher a Laptop kéint e Radiosanimateur vun RTL duerstellen. Mat de Stereotyppe gëtt gespillt.

Wéi entstinn d'Biller?
 
Dës Figuren entstinn duerch Kombinatioun vun Texter a Fotoen. Zum Beispill kann een der AI soen: "Gëff mir eng Figur, déi ausgesäit wéi e lëschtege Science-Fiction-Nerd mat Brëll an T-Shirt."
D'Kënschtlech Intelligenz zaubert eng eenzegaarteg visuell Versioun.
 
Ob dësen Trend jidderengem gefält, ass eng aner Fro.