Samy Laribi, Klavdia, Claude Kaiser an Noah Barberot
Dës Woch geet et ëm Stammzellespenden, Musek, Akrobatik a Konscht mat der See.
De Samy Laribi ënnerstëtzt de Plooschterprojet als aktive Stammzellespender. Am Abrëll 2022 hat hie sech beim Télévie zu Nidderaanwen registréiert, wéi hie beim DHL-Télévietour mat pedalléiert huet. Am Oktober 2024 ass hien ugeruff ginn, fir ze froen, ob hien nach ëmmer bereet ass, fir Stammzellen ze spenden. No engem medezineschen Check ass hien den 9. Januar 2025 op Köln Stammzelle spende gaangen a ka Leukemiepatienten, déi passen, hëllefen, gesond ze ginn. Méi iwwert de Plooschterprojet gitt Dir hei gewuer: plooschterprojet.com

D'Sängerin Klavdia vertrëtt déi griichesch Faarwe beim ESC zu Basel. Opgefall ass hir aussergewéinlech schéi Stëmm bei der Sendung "The Voice of Greece", wou se d'Finall erreecht huet. Déi Joren drop hat se vill Optrëtt an huet permanent Bünenerfarung gesammelt. Se huet mat ville Museker a bekannten DJ'en zesummegeschafft an 2022 koum hier éischt Single "Lonely Heart" eraus a gouf direkt eng Nummer 1 an der "Shazam Discovery List". Fir "Haramata" gouf et zweemol Platin. Elo hofft d'Kënschtlerin, déi 200.000 Follower op TikTok huet, beim ESC zu Basel d'Spëtzt ze erreechen.

De Claude Kaiser weess, wéi eng See Projete vun der FNEL finanzéiere kann. Fir richteg, sinn et direkt 60 Seeën, déi u lokal Kënschtler verdeelt goufen, fir dorausser e Konschtobjet ze schafen. Bis den 12. Abrëll leeft aktuell nach d'Expo an der City Concorde an da kann een sech op Sciesetart registréieren, fir seng Mise ofzeginn. Wéi bei all Stee kritt deen den Zouschlag, deen am meeschte bitt. Mat all de Suen, déi iwwer dëse Wee zesummekommen, ginn da Projeten am Nepal ënnerstëtzt, wou et haaptsächlech ëm Educatioun geet.

Den Noah Barberot ass vun der "Equipe de France de Gymnastique Acrobatique". Nieft dem Sport interesséiert hien sech och fir Konscht an Architektur an hofft eng Kéier dorausser säi Beruff ze maachen. 20 Stonnen an der Woch trainéiert hien haart fir et méiglechst wäit ze packen. An och elo bei den 32. European Acrobatic Gymnastics Championships, déi zu Lëtzebuerg organiséiert ginn a wou ronn 1.000 Participanten optrieden, ass hie mat senge Kolleegen um Depart a versicht, Medailen an eng Plaz op der Träppchen erauszeschloen.
