De 16. Abrëll ginn et um groussherzoglechen Haff direkt zwee Grënn, fir ze feieren: De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien hunn op deem Dag Gebuertsdag.

De Grand-Duc Henri feiert dëst Joer säi 70. Gebuertsdag. Hie koum de 16. Abrëll 1955 um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, op d'Welt.

Zanter dem 7. Oktober 2000 ass den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg de Groussherzog vum Lëtzebuerger Land. Säi kompletten Titel ass "Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

Archivbiller zu Éiere vum 70. Gebuertsdag vum Grand-Duc Henri
Fir de leschte Gebuertsdag vum Groussherzog Henri als Grand-Duc hu mir Opnamen aus de leschte Jore vun der groussherzoglecher Famill zesumme gesicht.

Säi 70. ass dee leschte Gebuertsdag, deen de Grand-Duc Henri als Groussherzog feiert. Den 3. Oktober 2025 wäert hien ofdanken, ier da säin eelste Bouf, den Ierfgroussherzog Guillaume, säin Eed ofleet an d'Successioun als Grand-Duc wäert iwwerhuelen.

33. Gebuertsdag vum Prënz Sébastien

Dat zweet Gebuertsdagskand um Haff ass de Prënz Sébastien, de jéngste Fils vun der groussherzoglecher Koppel. Hie feiert dëst Joer säin 33. Gebuertsdag.

"Son Altesse Royale le Prince Sébastien, Henri, Marie, Guillaume, Prince de Luxembourg, Prince de Nassau et de Bourbon-Parme" - wéi de Prënz mat sengem ganzen Numm heescht, huet de 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg d'Liicht vun der Welt erbléckst.