An eiser neier Emissioun "Gepëspers um Späicher" dréine mer d'Auer zeréck. Mir schwätzen iwwer d'Kandheet an d'Jugend vun eisen Invitéeën.

Wat waren hir schéinst Amenter? Wien oder wat huet si zu dem gemaach, dee si haut sinn? Ginn et Regreten?
A wéi eng Karriär hätte si als Kand am Léifsten ageschloen?
 
Eisen éischten Invité ass den Ex-LSAP-Ausseminister. De Jean Asselborn hëlt eis mat op Stengefort. Als Bouf ass hie wierklech net gär an d’Schoul gaangen an hat als Kand och e ganz extrae Beruffswonsch.
 
"Gepëspers um Späicher", all Dënschdeg um 20.00 Auer nom Journal op der Tëlee an op RTL Play.