Dës Woch geet et ëm Musek, den Duck Race an den Télévie.

De Guy Schons zitt zanter genee 50 Joer mam Ensembel "Dullemajik" duerch d'Welt a presentéiert dëst Joer e spezielle Programm fir dëse ronnen Anniversaire. 1975 huet de Sänger, Museker a Kulturhistoriker d'Formatioun gegrënnt, déi hiren Nimm enger Dréileier verdankt. Vun 1976 bis 2009 hu se 4 LPen an 8 CDe mat Lëtzebuerger Vollekslidder erausbruecht mat. Am Repertoire hu si Lidder an Dänz aus ville Joerhonnerten, stëmmungsvoll Balladen aus der Renaissance bis zu satiresche Lidder vum Putty Stein an eege Kompositiounen. Den Optakt ass den 3. Mee am Cube 521 zu Maarnech.

RTL

De Mike Martins suergt dofir, dass dëse Samschdeg beim "Duck Race" 20.000 giel Intercher am Gronn hire Wee duerch d'Uelzecht fannen. Hien ass den nationale Sekretär vum Service Club, deen op 7 Plazen am Land ze fannen ass. Bei der 24. Editioun vum grousse Familljefest op der Uelzecht a ronderëm d'Abtei Neimënster, bleift d'Spannung doriwwer, wie sech herno bei dëser origineller Tombola iwwer e fonkelneien Auto dierf freeën grouss. Freeë wäerte sech awer och vill Associatiounen, déi en Deel vum Benefice kréien. Fir 5 Euro kann ee bis kuerz virdrun op seng Int setzen.

RTL

De 26. Abrëll ass déi grouss Final vum Télévie, bei där d'Zentre vu Rodange, Dippech, Käerch a Schengen dëst Joer op vill Leit zielen. An deene 4 Zentre gëtt vu moies 6 Auer un en ofwiesslungsräiche Programm gebueden, dee gläichermoossen op Sport, Musek a Kanneraktivitéiten setzt, ouni elo Iessen an Drénken ze vergiessen. Zu Schengen hu se souguer en eegene Wéngert an der Riicht gehalen an hunn elo hiren eegenen Télévie-Cru.

Informatiounen doriwwer, wéi Dir selwer kënnt eng Promesse maachen, fannt Dir um Internetsite vum Télévie.

RTL