Isabelle Costantini, Bert Jung a Marc Mallinger
Dës Woch geet et ëm Réitsport, Film an Theater, et gëtt musikalesch an et geet och nees zeréck an d'Schoulbänk.
D'Isabelle Costantini kennt een aus dem Reitsport, dem Film an dem Theater a si huet elo hiren éischten Roman geschriwwen. Wéi si Theatercoursen am Conservatoire zu Lëtzebuerg an zu Paräis geholl huet, konnt nach kee sech denken wat alles nokéim. Theater war e wichtegt Standbeen, duerno koum de Kino wou se bei 20 Produktiounen vir oder hannert der Kamera matgewierkt huet. D'Isabelle hat an huet nach ëmmer en Häerz fir Päerd an huet et an d'olympesch Ekipp vu Lëtzebuerg gepackt. An elo steet deen éischten Roman "Le Sud n'aime pas les anges" an de Librairien. Hei den Instagram vun der Isabelle Costantini.

De Bert Jung well net just an engem musikaleschen Tirang landen a switcht tëscht 'Alfalfa' an elo och Reggae mat 'Babanam'. 2018 huet d'Aventure vun 'Alfalfa' ugefaangen wou de Bert Jung zesummen mam Charel Geimer am Elektro Pop experimentéiert huet. De 7. Juni kënnt den neien Album 'Echoes' eraus, deen an der Philharmonie virgestallt gëtt. Beim neie musikalesche Baby vum Bert mécht hien mam Joel Rasqui Reggae. Ënnert dem Numm 'Babanam' hu si fir unzefänken d'Lidd 'Slow Down' erausbruecht.

De Marc Mallinger bleift senge Schüler a gudder Erënnerung, well hie mathematesch Formelen als Ouerewuerm gesonge huet. Och wann hien der Schoul schonn 3 Joer de Réck gedréit huet, kuckt hie gären zréck an erënnert sech speziell un de 'Geile Lussac'. Hie weess, dass déi Jonk frou mat Musek sinn an huet dat genotzt, fir och ouni Knäipziedel kleng Genien aus sengen Studenten ze maachen. 20 Joer huet hien och nei Proffe forméiert a wärend där Zäit huet hie versicht, se fir d'Fach an d'Schoul ze begeeschteren a sech eppes ze trauen.
