Skuto, Oliver Schermuly an d'Bianca Solci
Dës Woch geet et ëm e Rapper, ëm Moud an Artistic Schwimming.
Mat fonkelneiem Material vum Debüt-Album 'ze spéit' ass de Skuto als Rapper op Lëtzebuerg komm. Säin Häerz schléit zwar fir d'Musek awer zu Wien studéiert hien Physik fir e fest Standbeen ze hunn. De Fils vum Historiker Denis Scuto huet sech säin Kënschtlernumm dofir och net einfach esou gesicht. Seng Texter sinn him wichteg, et ass e Message wou et ëm Léift, Sucht a sech selwer ze fannen geet. www.instagram.com/skuto49/

Schonn als Kand huet den Oliver Schermuly Moud am Kapp gehat an elo huet hien säin eegenen Label. No 3 Operatioune war de Fussball vergiess an hien huet sech fir schéin Kleeder interesséiert. Seng Reesen a Japan, Mexiko an an d'USA hunn him vill Inspiratioun bruecht an 2022 huet hien mat engem Kolleeg a sengem Cousin zu Bréissel LONSOM gegrënnt, wou hien bekannte Kënschtler an de Leandro Barreiro agekleet huet. www.instagram.com/lonsom.od/

An enger Woch steet 'Artistic Swimming' um Geesseknäppchen am Mëttelpunkt, an d'Bianca Solci hofft op eng Plaz op der Träppchen. 5 mol an der Woch stinn 3,5 Stonnen Training um Programm an 1 mol d'Woch 90 Minutten Schwamm- an Ausdauertraining. En éischten internationale Succès gouf et rezent zu Porto wou eng 2t Plaz am 'Juniors Free Duet' mat senger Partnerin Julia Montagny erausgesprongen ass. An déi nächst Competitioun ass den SL Synchro Cup Open vum 16 - 18ten Mee. www.swimming.lu/synchro-cup/
