D'LSC-Koppel Natascha a Steve hu "JO" gesot
Wärend dem Luxembourg Song Contest, live, virun Dausende vu Spectateuren, hat de Steve Hermes senger Häerzensdamm Natascha d'Fro vun de Froe gestallt.
Elo huet d'Koppel sech bestuet.
Am Kader vun eiser Vältesdag-Aktioun hat de Steve Hermes sech gemellt, fir mat Hëllef vun RTL een Heiratsantrag ze plangen. Wärend der Live-Sendung vum Luxembourg Song Contest Enn Januar ass d’Demande dunn zustane komm – mat vill Applaus och vum Conchita Wurst.
De Weekend huet sech d’Koppel op der Gemeng zu Bieles bestuet. Mir hunn eis et natierlech net huele gelooss, hinnen ze felicitéieren an hunn dobäi och ee klenge Message aus Basel matgeholl.
Kuckt hei d’Demande en Mariage vum Steve Hermes, Live an der LSC-Sendung.