Wou kann een zu Lëtzebuerg am beschte vegetaresch iesse goen?

© RTL
Egal ob Sushi, Burger oder Pasta. Jiddereen huet seng eege Meenung, wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.
Virun, soen mer 20 Joer, war een als Vegetarier nach e richtegen Exot an der kulinarescher Landschaft, op alle Fall bei eis am mëtteleuropäesche Raum. Ma net nëmmen war een eng reegelrecht Ausnam, ma och d'Offer un Iess-Choixen a Restauranten zu Lëtzebuerg war... iwwersiichtlech. Reng Vegetaresch oder souguer vegan Restaurant guer net z'ernimmen... Déi waren, wann iwwerhaapt existent, extrem rar geseent.
Dëst huet sech mat de Joren awer ganz kloer geännert, d'Demande an d'Offer no vegetareschem Iessen ass an de leschte Joren massiv geklommen, och wann, esou neist Zuelen, den "Trend" sech e wéineg stabiliséiert huet an d'Offer och net iwwerall perfekt ass.
Sech bewosst vegetaresch ernieren ass haut dës Dag dann och, wann een éierlech ass, manner en Trend, deen et kloer virun e puer Joer war. Et ass souzesoen no an no e feste Bestanddeel vun der Gastronomie zu Lëtzebuerg an natierlech och e perséinlechen a bewosste Choix vum Konsument ginn. Bal kee Restaurant huet guer keng vegetaresch oder vegan Alternativen op de Kaart méi stoen, vill Gastronome passe sech dem vegetaresche Lifestyle souguer massiv un an integréieren dësen an hirem Restaurant.
An da ginn et natierlech och ëmmer méi reng vegetaresch a vegan Restauranten, respektiv Plazen, wou ee säi fleeschlose Burger, seng Kürbis-Lasagne oder säi vegetaresche Curry genéisse kann. A si mer éierlech, och Net-Vegetarier wëssen et mol ze schätzen, vun enger fleeschloser, gudder, frëscher a gesonder Alternativ zu Fleesch a Fësch iwwerrascht ze ginn, oder sech einfach emol op eng planzlech Alternativ anzeloossen, déi lecker ass an een sech och dono einfach gutt fillt.
Och d'Stäre-Kichen huet mëttlerweil déi vegan a vegetaresch Kichen an hire Repertoire opgeholl, et gehéiert schonn zum gudden Toun dëst an d'Kreatioun vu Menüen afléissen ze loossen, jo souguer ganz vegetaresch Menüen unzebidden, dat natierlech och zu Lëtzebuerg.
Dacks ass déi vegetaresch Kichen dann och nach enk mat "Regionalitéit" a "saisonale Produite" verbonnen, eppes dat ëmmer méi Leit als ee vun de wichtegsten Pilieren beim Choix vun hirer Ernierung gesinn. An de Grand-Duché brauch do sech net ze verstoppen, wat gutt vegetarescht oder vegaant Iessen ugeet, Optiounen huet een der méi wéi genuch zur Auswiel, d'Fro ass just, wou kritt een d'Crème de la Crème zervéiert?
An elo sidd dir alt nees gefrot! Dir kennt DÉI Adress am Land, fir gutt vegetaresch iessen ze goen? Heizou zielen natierlech och vegan Platen oder Restauranten, et muss just op d'mannst vegetaresch sinn, also ouni Fleesch oder Fësch. Vegan Choixen sinn awer och méi wéi wëllkomm, also ouni Fleesch oder Fësch an och ouni déieresch Produiten, wéi Mëllech, Kéis, Eeër oder Botter.
Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert är léifste Plaz mat ärem léifsten Iessen un d'Spëtzt vun eiser aktueller "vegetarescher Editioun" vum RTL-Readers' Choice!
Maacht elo bei eiser Ëmfro mat, all Stëmm zielt!
Verrot eis, wou Dir am léifsten vegetaresch iesse gitt, respektiv d'Iesse eventuell siche gitt! Maacht drënner bei eisem Vott mat, well Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech déi Plaz, déi vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers' Choice-Auszeechnung fir dat bescht vegetarescht Iessen zu Lëtzebuerg freeën.
Alle d'Restauranten, Foodtrucken oder soss Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.