Virowend vun NationalfeierdagD'Droneshow vu Walfer am Replay

Luc Marteling
Fir den 175. Gebuertsdag vun der Gemeng ze feieren, hat sech Walfer eppes ganz Spezielles fir e Sonndeg ze Owend afale gelooss.
Droneshow: Eng Rees duerch d'Geschicht vu Walfer
Fir de Virowend vun Nationalfeierdag hat sech d’Gemeng aus dem Uelzechtdall eppes Extraes afale gelooss, fir den eegene Gebuertsdag ze feieren: 175 Joer Walfer.

Um Virowend vun Nationalfeierdag gouf et an der Uelzechtdall-Gemeng net nëmme Musek an z’iessen an ze drénken, mee ëm 23 Auer stoungen d’Leit prett um Futtballsterrain, fir an den Himmel iwwert dem Sportkomplex ze kucken: No an no sinn an der Däischtert lauter Dronen an den Nationalfaarwen opgedaucht an hunn d’Leit mat op eng Rees duerch d’Geschicht vu Walfer geholl, déi och nach iwwer Mikro erkläert gouf.

D’Drone sinn hin- an hiergebëselt an hunn zum Beispill d’Kierch, e Buch, eng Äerdbier, eng Rous, de Roude Léiwe duergestallt, éier se rëm – natierlech nees an den Nationalfaarwen – hannert de Sportshale mam markanten Zeltdaach virdru verschwonne sinn.

D’Leit hu geklappt – a well hinnen d’Show fir 175 Joer Walfer esou gutt gefall hat, gouf kuerz drop annoncéiert, datt d’Dronen ëm Hallefnuecht direkt nach emol géifen an den Himmel klammen.

Back to Top
CIM LOGO