Ernärungsbildung bei Jonken huet en nohaltegen Effekt
Am Jugendalter ginn d'Weiche gestalt fir déi spéider Gesondheet, seet d'Simone Dégardin, Dieteticienne an der École du Goût zu Branebuerg.
Dofir engagéiert sech dës Schmaachschoul zënter 2007, fir vill verschidden Atelieren am Beräich Ernärungsbildung unzebidden. Dës Initiativ ass e Projet vun de Lëtzebuerger Naturparken an huet d’lescht Joer am ganzen 2.684 Leit erreecht, dovun 1.045 a Workshoppe mat perséinlecher Interaktioun.
"Ernärungsbildung ëmfaasst vill méi Facetten. Den ee Volet ass zum Beispill d’Liewensmëttel. Wou komme se hier a wéi gi se produzéiert? An dann och wéi een Impakt hunn déi Liewensmëttel op eis Gesondheet? Schmaache mer nach d’Liewensmëttel richteg? Ass och ëmmer ganz interessant. An och wat fir en Impakt eis Liewensmëttel op d’Klima an eis Natur eben hunn. An dann ass et och ëmmer wichteg, de Jonke mat op de Wee ze ginn, de soziale Volet, dass een och all déi sozial Schichten zesummebréngt an dann och zesummen de Genoss um Iesse vermëttelt. An dann hu mer nach den ekonomesche Volet, zum Beispill de Jonke weisen, wat fir eng Jobopportunitéiten do dra sinn. An all déi Volete versiche mer eben an der École du Goût ze vermëttelen, och scho vu Jonkem un", seet d’Simone Dégardin.
Rezent international Studien hätten erginn, dass hautdesdaags Jugendlecher wuel méi Geméis an Uebst a manner Séissegkeete géingen iessen, ma d’Unzuel vun iwwergewiichtege Jugendleche géing klammen. Et wier och dokumentéiert ginn, dass ëmmer manner Jonker géinge moies eppes zou sech huelen an net méi dacks an der Famill géingen zesummen iessen.
D’Thema Ernärung a Kache géing an der ausserschoulescher Bildung an de Jugendhaiser groussgeschriwwen, seet de Luc Bëttel, Chargé de Direction vun der JUKI a.s.b.l.. An enger grousser Partie Jugendhaiser am Grand-Duché gëtt all Freidegowend zesumme mat de Jugendleche gekacht. De Leader Zentrum Westen huet zesumme mat 6 Jugendhaiser e Projet ausgeschafft, wou ee Jugendhaus déi aner invitéiert an eng Aart "Perfektes Dinner" organiséiert gëtt. Et wier net just wichteg, fir déi Jonk iwwert Liewensmëttel an Ernärung ze informéieren, mee beim Kache géingen och aner wichteg Saachen eng Roll spillen.
"Ech fannen, et ass e ganz schéine Moment, wann een zesumme kacht well een do ganz séier Themen opgräift, déi ee sou ganz steif op engem normale Gespréich vläicht guer net géing maachen. Einfach eng méi Liichtegkeet an dem ganzen dran", sou nach de Luc Bëttel.