Prënz Harry a Meghan Markle ënnerschreiwen neien Netflix-Vertrag

© Photo by BRYAN BEDDER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den Harry an d'Meghan bleiwen Netflix trei, allerdéngs mat engem méi flexibelen, duerfir awer och manner lukrativen Accord.
De Prënz Harry a seng Fra Meghan wäerte weider Film- an Televisioun-Projete fir Netflix produzéieren, dëst awer ënner engem sougenannte "First Look Deal", wéi de Streaming-Service e Méindeg matgedeelt huet. Den Accord ersetzt hir vireg exklusiv Zesummenaarbecht a gëtt Netflix d'Recht, als éischt iwwer d'Projete vun der Koppel hirer Firma Archewell Productions ze entscheeden.
Falls Netflix also net un engem Projet interesséiert ass, kann d'Koppel en dann un aner Studioe verkafen. Dës Zort Partnerschaft ass u sech manner lukrativ, bitt awer duerfir méi Flexibilitéit.
Wéi d'New York Times mellt, soll den neien Accord manner wäert si wéi hire Kontrakt vun 2020, deen op ronderëm 100 Milliounen Dollar geschat gouf – offiziell Zuele fir den neien Deal ginn et awer nach net.
An engem Communiqué ënnersträicht Netflix de groussen Afloss vun der Koppel a confirméiert dann och, dass dem Meghan seng Lifestyle-Serie "With Love, Meghan" fir eng zweet Staffel verlängert gëtt – inklusiv spezial Chrëschtdagsepisod.
D'Sendung war, trotz gemëschter Kritik, déi meescht gekuckte Kachsendung vu Netflix an der éischter Hallschent vun 2025 mat iwwer fënnef Millioune Opriff. D'Serie "Harry & Meghan" aus dem Joer 2022 hat iwwerdeems e Plattform-Rekord mat 23 Millioune Opriff an deenen éischte véier Deeg opgestallt.
Zu den zukünftegen Archewell-Projeten fir Netflix gehéiert och eng kuerz Dokumentatioun iwwer e Weesenhaus an Uganda an eng romantesch Filmadaptatioun vum Carley Fortune sengem Roman "Meet Me at the Lake".