Et war eng aussergewéinlech Aktioun e Freidegmoien am Gronn, wéinst där en Deel vum Quartier bei der Abtei Neimënster bis de fréie Mëtteg gespaart war.

Ee grousst Nascht vun asiatesche Runnen op der Spëtzt vum Kierchtuerm huet missen ewechgemaach ginn. Fir iwwerhaapt mol bäizekomme fir d'Nascht ze vergëften an erofzehuelen, gouf ee Kran virun der Abtei opgefuer. D'Aktioun gouf vun der Natur- a Forstverwaltung koordinéiert. De CGDIS an de Sécherheetsservice vun der Stad Lëtzebuerg waren och op der Plaz, fir dës dach net ongeféierlech, awer noutwenneg Aktioun ze suivéieren.

Risegt Nascht mat asiatesche Runnebeie bei der Abtei Neimënster ewechgemaach
D'Manon Bosch vum Service Environnement vun der Stad Lëtzebuerg erkläert, wisou d'Nascht am Gronn huet missen ewechgemaach ginn.

"Bei der asiatescher Runn ass et jo esou, datt et eng invasiv Aart ass, dat heescht si gehéiert eigentlech net heihinner. D’asiatesch Runn huet en negativen Effekt op déi indigeen Biodiversitéit an och op d''Imkerei', well se ganz gär un d’Hunnegbeie geet. Dat heescht, se mécht Juegd op d'Hunnegbeien, wat ee Problem ass fir d'Imker, an um europäeschen an nationalen Niveau ass et esou, datt invasiv Aarten am Prinzip musse bekämpft ginn. Aus deem Grond muss dat Nascht elo hei ewechkommen", esou d'Manon Bosch vum Service Environnement vun der Stad Lëtzebuerg.