
Si gouf dout an hirer Wunneng zu Nice fonnt. De Parquet wëll eng Enquête opmaachen, fir d’Ursaach vum Doud erauszefannen.
D’Loana ass 2001 duerch hir Participatioun u “Loft Story” berüümt ginn an huet séier vill Leit mat hirer éierlecher Aart begeeschtert. Besonnesch hir Relatioun mam Jean-Edouard Lipa war deemools staark mediatiséiert.
Trotz Erfolleg an der Musek a Moud ass si duerch schlecht Bekanntschaften an d’Drogen ofgerutscht. Si huet oppen iwwer Depressiounen, Gewalt an hir Ofhängegkeet geschwat a ronn zéng Suizidversich erlieft. Trotz ville Comebacke konnt si hir Problemer net ganz iwwerwannen.