Den Ex-Kolleg vun der Prinzessin Madeleine, déi och am Februar soll accouchéieren, ass Papp ginn. Seng Fra krut d'lescht Woch en Donneschdeg ee Meedchen.

Deemno schéngt et e Gewënner ze ginn, wie säi Kand als éischt op d'Welt bréngt: de Jonas Bergström. Den Ex-Kolleg vun der schwedescher Prinzessin ass en Donneschdeg, den 13. Februar, fir d'éischte Kéier Papp ginn. Hien a seng Fra Stephanie af Klercker, eng deemoleg Frëndin vun der Prinzessin Madeleine, kruten e gesond klengt Meedchen.

D'Madeleine an de Jonas Bergström ware vun 2002 bis 2010 zesummen. Den 11. August 2009 hate si hir Verlobung annoncéiert, ma en halleft Joer méi spéit huet sech d'Koppel getrennt. De Jonas war der Prinzessin net trei. Duerno ass d'Madeleine op New York geplënnert, wou si och hire Mann Chris O'Neill kenne geléiert huet. De Jonas Bergström huet sech quasi an der selwechter Zäit a seng Fra verléift a béid Koppelen hu sech dunn d'lescht Joer bestuet.

Ma d'Course war domat nach net eriwwer. Direkt no den 2 Hochzäite sinn d'Frae schwanger ginn. Dem Jonas Bergström säi Kand war eng Grëtz méi séier do. Den Datum fir d'Accouchement vun der Prinzessin Madeleine ass fir den 25. Februar gerechent. Och si kritt ee Meedchen.