Sensatioun an der Medezin
Ee Bëbee no Gebärmutter-Transplantatioun!

A Schweden, huet eng Fra, där eng Gebärmutter transplantéiert gouf, elo ee gesonde Puppelchen op d'Welt bruecht.
Déi 36 Joer al Patientin huet d'Gebärmutter vun enger 61 Joer aler Fra an de Wiesseljoer kritt. Medeziner schwätzen elo vun engem grousse Schratt géint Onfruchtbarkeet.
Wei déi britesch Medizinrevue „The Lancet“ schreiwt koum et am September zu der Gebuert. Iwwert 10 Joer laang hat de responsabelen Dokter Recherche an der Matière gemaach.
Am meeschte gelies