Geziichte Penis steet kuerz virum Praxistest

© AFP
Fir Männer ze hëllefen, déi hire Penis verluer hunn, hu Fuerscher ee kënschtleche Penis aus Zelle geziicht. D'Geschlechtsdeeler kéinte geschwë getest ginn.
De Männer, déi bei engem Accident oder enger Krankheet hire Penis verluer hunn, kéint geschwë gehollef ginn. Am Laboratoire geziichte Penisse ginn den Ament vu Wëssenschaftler vum Wake Forest Institut fir regenerativ Medezin am US-Bundesstaat North Carolina getest, dat bericht déi britesch Zeitung "The Guardian". D'Fuerscher préiwen déi kënschtlech Geschlechtsdeeler nach op hir Sécherheet, Funktionalitéit a Belaaschtbarkeet. Si waarden op den Accord vun den US-Autoritéiten an hoffen, dass d'Penissen an de nächste fënnef Joer och u Patienten getest kënne ginn.
2006 hat ee Chinees als éischte Mann op der Welt schonn eng Penis-Transplantatioun. Zwou Wochen no der Operatioun, déi 15 Stonne gedauert huet, missten d'Dokteren d'Glidd awer nees ewech maachen.