Schokla ass gutt fir de Verhalt

Wie Schokla ësst, bleift méi laang fit. Wat Naschkaze sech scho laang wënschen, hu Fuerscher elo wëssenschaftlech bewisen: Schokla stäerkt de Verhalt!
Manner vergiesslech dank Schokla drénken! Fuerscher hunn erausfonnt, dass just d'Drénke vu Kakao de Verhalt stäerke soll. Responsabel dofir wiere Flavonoiden, déi sinn nämlech an de Kakaobounen dran, esou d'Fachzäitschrëft "Nature Neuroscience".
37 Probanten am Alter tëscht 50 a 69 Joer hu fir d'Etude all Dag e Gedrénks mat Kakao zou sech geholl. Hinne gouf dobäi awer ënnerschiddlech Dosissen u Flavonoiden ginn.
D'Tester duerno hunn erginn, dass d'Gruppe mat dem Gedrénks mat vill Flavonoiden bei den Übunge fir de Verhalt vill besser ofgeschnidden hunn.
"Wann ee Probant am Ufank vun der Etude eng Kapazitéit vum Verhalt vun engem 60-Jähregen hat, huet en no 3 Méint am Duerchschnëtt eng Leeschtung vun engem 30- bis 40-Jährege gehat.", esou de Scott Small vun der Colombia Univeristéit zu New York, deen och Auteur vun der Etude ass.
D'Resultater vun der Etude bezéie sech net op Krankheete wéi zum Beispill Alzheimer, mä just op Erënnerungslücken déi mam Alter komme kënnen.
Vun engem eegenen Test doheem roden d'Experten awer of. Dëst wéinst dem héijen Undeel u Fett a Kalorien am Schokla. Fir nämlech déi entspriechend Zomm u Flavonoiden ze erreechen, mussen op mannst dräi Tafele mat donkelem Schokla pro Dag giess ginn.