Franséisch Medeziner wëllen erausfonnt hunn, datt duerch eng einfach Bluttanalys Longekriibs detektéiert ka ginn.

D'Experte vun ënnert anerem der Universitéit vu Nice hunn 245 Persoune getest. 168 ware Risikopatienten.

Et géif ee bei der Bluttanalys, Joeren ier de Kriibs opdaucht, Zellen entdecke kënnen, déi dofir verantwortlech sinn.

D'Etude gouf an der amerikanescher Wëssenschaftlecher Revue Plos One publizéiert.