Bluttspende soll fir homo- a bi-sexuell Männer erlaabt ginn

An den USA kéint de liewenslaange Verbuet fir Bluttspende vun homosexuellen a bisexuelle Männer opgehuewe ginn.
Déi zoustänneg amerikanesch Autoritéiten hu matgedeelt, dass amplaz eng nei Regel wëllen aféieren, déi Spende vu Männer verbitt, déi dat Joer virdrun gläichgeschlechtlech sexuell Rapporten haten. Domadder géifen d'USA am Aklang stoe mat Länner wéi Australien, Japan a Groussbritannien. Experte soen, dass dat aktuellt Verbuet, dat zanter 31 Joer en Vigueur ass, duerch d'Fortschrëtter déi bei HIV-Tester gemaach goufen, net méi justifiéiert ass.
Hei am Land oder an Däitschland beispillsweis däerfe Homosexuell Männer bis ewell kee Blutt spenden. Lëtzebuerg mécht sech awer fir eng Ännerung staark.
De Verbuet war iwwregens 1983 agefouert ginn, um Ufank vun der Aids-Epidemie.