De Kierper richteg entgëften!

Raclette, Fondue, Gratin,... wat waren d'Feierdeeg nees schéin. Ma elo geet et duer mat deem fettegen Iessen!
Wat ass gutt fir mech a mäi Kierper?
Eng sougenannten Detox-Kur mécht een net nëmme fir de Kierper vu schiedleche Stoffer ze befreien an ofzehuelen, ma positiven Nieweneffekt ass e bessert Wuelbefannen an eng schéin Haut. An der Moyenne dauert eng richteg Detox-Kur 10 Deeg a baséiert op enger vitamin-räicher Ernährung.

Ganz uewen um Menü stinn Uebst a Geméis. An den Äppel, Bieren, Orangen an an de roude Friichte si besonnesch vill Antioxidanten, déi beim Entgëften hëllefen. Zitrusfriichten, ganz speziell Zitrounen, si räich vu VitaminC an hëllefen eis net nëmme beim Gewiichtsverloscht, ma si sinn och gutt fir eis Haut.
Eng Wuerzel, déi och zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift gëtt ass den Ingwer. Si ass bekannt fir hir Wierkung géint Iwwelkeet a Verdauungsproblemer. Amplaz vill Salz ze benotzen, gräift ee besser op Knuewelek zréck, dee wierkt antibakteriell an och frëscht Kraider si gutt fir eis.
Nieft dem Iessen ass et awer och ganz wichteg vill ze drénken - natierlech Waasser oder ongeséissten Téi.
Wat ass tabu während enger Detox-Kur?
Sämtlech Mëllechprodukter, Eeër an Zocker soll een evitéieren. No deem ganze Gefeiers soll een dann elo och den Alkohol op der Säit loossen an net zevill Saache mat héijem Weess-Gehalt iessen.