Méiglechen Organspender huet nach gelieft

An engem Spidol an der Géigend vu Bremen ass den Dokteren e ganz schwéiere Feeler ënnerlaf. En Organspender war nach net doud.
Wéi d'Süddeutsche Zeitung schreift, ass den Dokteren a leschter Minutt opgefall, datt eng Persoun ouni déi néideg virgeschriwwen Tester zu engem Patient ouni Gehir-Aktivitéit deklaréiert gi war. De Patient war schonn am Operatiounssall, wou e sollt seng Organer erausgeholl kréien.
Dës Affär ass Ufank Dezember 2014 an engem Spidol an der Géigend vu Bremen geschitt a public ginn, well Mataarbechter hire Kollegen dovun erzielt haten. Engem Insider no, wär d'Gehir vum Patient schonn esou wäit geschiedegt gewiescht, datt hie mat grousser Wahrscheinlechkeet ni méi en normaalt Liewen hätt kënne féieren. Ma esou laang net komplett kann ausgeschloss ginn, datt d'Gehir nach funktionéiert, weess keen dat definitiv.
Besonnesch schlëmm ass de Fait, datt e Patient mat liichter Gehir-Aktivitéit nach Péng bei esou enger Operatioun kann hunn, am Géigesaz zu engem Patient, dee komplett gehirdoud ass.
Well den Ament d'Enquête nach leeft, wëll d'Bundesärztekammer sech net zum Virfall äusseren.
Wéi d'SZ weider schreift, ginn et am Raum Bremen/Bremerhaven weider problematesch Fäll vun deenen d'Ëffentlechkeet näischt weess.
