E Brëll, mat deem Blanner nees gesinn?

Aus Kanada kënnt eng Erfindung, déi, wéi et heescht, d'Liewe vu blanne Leit revolutionnéiere kéint.
Eng kanadesch Firma huet nämlech en High-Tech-Brëll geschafen, dee Blanner soll gesi loossen! Den elektronesche Brëll mam Numm eSight gouf vun enger Entreprise aus der kanadescher Haaptstad Ottawa erfonnt. Um Internet ass och schonn e Video ze gesinn, an deem eng blann Mamm fir d'éischt hire Bëbee gesäit. Um Netz sinn nach weider Videoen an deem Genre ze fannen, ë.a. vun engem Krichsveteran oder vun engem klenge Jong, déi op eemol dat entdecken, wat ronderëm si ass.
Den Direkter vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung ass awer méi virsiichteg.
Fir de Roger Hoffmann muss een nämlech en Ënnerscheed maachen tëscht blannen a sehbehënnerte Leit. Eng Persoun, déi blann op d’Welt kënnt, kéint mat alle méiglechen Hëllefen net gesinn, well d'A et net fäerdeg bréngt fir e Bild op d'Gehir ze schécken.
An engem blann Gebuerene sengem Gehir géif deen Deel, dee gebraucht gëtt, fir ze kucken, fir aner Sënner benotzt ginn.
De Brëll aus Kanada stellt u sech eng grouss elektronesch Lupp duer, un déi vir eng HD-Kamera montéiert ass. Déi filmt an iwwerdréit d'Biller op zwee LCD-Schiermer bannenan, an de Zoom ka bis zu 14mol vergréisseren. D'Signal gëtt elektronesch verschafft, fir d'Kontraster an d'Faarwen ze verbesseren. Dee ganzen Dispositif hänkt un engem klenge Boîtier, mat deem een alles regléiere kann.
Dem Direkter vun der Blannevereenegung no wär dee Brëll domat fir Sehbehënnerter interessant; allerdéngs gëtt et och do Differenzen an den eenzelne Behënnerungen. Et wier sécherlech net fir all Sehbehënnerten uwennbar.
Leider ass de System de Moment nach richteg deier: Esou e Brëll kascht nämlech ronn 13.000 €! Wann et dat bréngt, wat e versprécht, wär en déi Suen awer absolut wäert, seet de Roger Hoffmann. Falls et wierklech e gudde Produit ass, kéint eventuell esouguer d'Fleegeversécherung en Deel vun de Käschten iwwerhuelen.
Den Direkter vun der Blannevereenegung hat iwwregens selwer eng Kéier e Brëll probéiert, mat deem ee sech am Verkéier besser bewege kéint; hie war allerdings net dovun iwwerzeegt.
Dem Roger Hoffmann säi Fazit ass, dass d’Technik vun der eegener Experienz oflenke kann.