Wéi gesäit et mat de Riedelen zu Lëtzebuerg aus.

© AFP
D’Riedele sinn eng vun de geféierlechste Krankheeten op der Welt, wat en Doudesfall an Däitschland gewisen huet.
Wann ee se kritt, kann een net nëmme schwéier gesondheetlech Konsequenzen dovunnerdroen, mä d’Krankheet kann och déidlech ausgoen.
Um Méindeg nach koum d'Nouvelle, datt ee Bouf vun annerhallwem Joer zu Berlin un der ustiechender Krankheet gestuerwen ass. Wei gesäit et dann hei zu Lëtzebuerg aus? Wéi vill Krankheetsfäll goufen et an de läschte Joren hei am Land ? A wei vill Kanner sinn net geimpft?
99 Prozent vun de Kanner si géint d’Riedelen geimpft. Nëmmen 1 Prozent ass dat net. Ganz wéineg also!
Och d’Zuel vun de Fäll, wou d’Krankheet opgedaucht ass, ass hei am Land niddereg. Zanter 2001 bis elo krute nëmmen 15 Leit d'Riedelen. Dorënner just 2 Kanner. De Rescht ware Patienten tëscht 20 a 40 Joer, präziséiert de Pierre Weicherding, Chef-Mediziner bei der Gesondheetsinspektioun. An den 80. Joren ass net richteg oder nëmmen deelweis geimpft ginn. Well do eventuell keng 2 Injektioune gemaach goufen, si verschidde Leit aus den Joergäng guer net oder net komplett geimpft.
Dofir wier et sënnvoll sech deemno wéi nach eng Kéier impfen ze loossen. Grad wann een an esou Länner reest, wou een déi Krankheet dacks trëfft an een net sécher ass, datt e richteg geimpft gouf, soll ee sech nach eng Kéier impfe loossen, präziséiert de Medeziner.
Zanter de 90. Jore ginn d’Kanner systematesch géint d’Riedele geimpft. Mä och hei kann et sinn, datt eng éischt Injektioun, déi ee mat engem Joer kritt, net wierkt, an dofir eng zweet noutwenneg ass. D’Riedele bleiwen nach ëmmer eng vun de geféierlechste Krankheeten. Si kann nämlech zu enger Entzündung vum Gehir feieren oder zu enger bakterieller Infektioun, well den Immunsystem geschwächt ass. An och Suitten laang dono sinn net ausgeschloss.
Nach no Joren, 5 bis 6 Joer no der Infektioun, kann d'Gehir Folge vun der Krankheet opweisen, déi am Ufank net do waren, erklärt de Pierre Wicherding.
Zu Berlin, sinn zanter Oktober zejoert 500 Fäll vu Riedele bekannt. Verschidde reliéise Communautéite si géint esou Vaccinen. Wann de vill Leit, déi net geimpft sinn, no beienee wunnen, kann d'Krankheet sech och gutt verbreeden. Donieft ginn et awer och Elteren, déi géint Impfunge sinn, well si der Meenung sinn, datt d'Natur hiert Wierk soll maachen.
Elteren, déi hir Kanner net géint d’Riedelen impfe loossen, géifen net verantwortungsbewosst agéieren, esou den Dokter Weicherding. Den Immunsystem vun engem Kand hätt scho vill an den éischte Joeren ze bewältegen. An d’Impfunge géifen de System ënnerstëtzen déi besonnesch geféierlech Situatioun ze meeschteren.