Alkohol
Problem fir Jonk an Al

© afp
Et si genau esou vill eeler Leit wéi och Jonker, déi suchtkrank sinn.
Wann et ëm den Alkohol geet, sinn et net nëmmen déi Jonk, déi am Koma léien wéinst dem Saufen, mä och déi méi al Leit. Déi eeler Leit drénke genau sou vill wéi d'Jugendlecher. Aus deem Grond treffe sech de Weekend Medeziner um Grundlsee an Éisterräich a schwätzen iwwer de Problem. Si probéieren eng Léisung fir déi suchtkrank Leit ze fannen.
An Éisterräich drénken d'Jugendlecher net sou dacks, wéi déi méi eeler Leit.
Am meeschte gelies