Keng Wiesseljoren fir d'Männer

Experte warne virun iwwerstierzten Testosteron-Therapië bei eelere Männer. Gesondheetlech Problemer bei dësen hunn näischt mat Wiesseljoren ze dinn.
An Däitschland si just 3 bis 5 Prozent vu de Männer tëschent 60 a 79 Jore vun engem wierkleche Mangel un Testosteron betraff. Dës géif de Verloscht vun der Libido an anere Symptomer erklären, betount e Spriecher vun der däitscher Gesellschaft fir Endokrinologie (DGE) zu Stuttgart.
Dëse Grupp, zu deenen och iwwergewiichteg Männer mat héijem Bluttdrock, erhéijtem Bluttfett oder Bluttzocker gehéieren, kann ee mat enger Hormontherapie hëllefen. Mä vun den typesche Wiesseljore sinn d'Männer net betraff.
Vum 40. Liewensjoer u geet den Testosteronspigel vum Mann all Joer ëm 1 bis 2 Prozent erof. Männer iwwer 60 Joer leiden dacks ënner depressive Verstëmmungen, Middegkeet, Nervositéit a seelener un Hëtzewellen.
Den Expert vun der DGE warnt awer ouni Bestëmmung vum Hormonspigel, Testosteron ze verschreiwen. D'DGE fuerdert, datt amerikanesch Hiersteller vun Medikamenter, dofir um Beipackziedel Niewewierkunge vun dësen Testosterontherapien erkläre sollen.