Eng seele Form vu Kriibs gouf bei Frae mat schiedleche Broschtimplantater a Frankräich diagnostizéiert.

Fënnef Joer nom Skandal ëm schiedlech Broschtimplantater, op Basis vu Silikon dee medezinesch net zougelooss wor, ginn et elo a Frankräich nei Problemer mat esou Implantater. Zanter 2011 gouf bei 18 Fraen eng rar Zort vu Kriibs diagnostizéiert. Si all haten esou Broschtimplantater. Dat huet en Dënschden déi franséisch Gesondheetsministesch Marisol Touraine bekannt ginn.

Eng Patientin ass gestuerwen. Wéi et heescht, gëtt et e kloren Zesummenhang tëscht der Krankheet an de Broschtimplantater, allerdéngs keng Indikatiounen op speziell Produiten oder Produzenten. Déi zoustänneg Ministesch huet awer och virdru gewarnt net a Panik ze geroden. Frae mat Implantater kréien net recommandéiert dës erauszehuelen. Et géif sech ëm e ganz rare Phenomen handelen, sou d'Marisol Tourraine.

A Frankräich solle bal 400.000 Frae Broschtimplantater hunn. Enger Etude vum franséische Kriibsinstitut Inca no, gouf zanter 2011 international bei 173 Fraen dës rar Zort vu Kriibs diagnostizéiert. Op EU-Niveau gouf an dem Sënn elo eng sougenannten Taskforce an d'Liewe geruff fir Informatiounen auszetauschen.