Kanner, déi geniert goufen, hu méi en héijen IQ

30 Joer laang goufen 3.500 Neigebuerener vun enger Etude ënnersicht, fir déi laangfristeg Auswierkunge vum Niere bei Puppelcher erauszefannen.
D'Entwécklung vum Gehir a vun der Intelligenz vum Kand hänken effektiv domadder zesummen.
Wann een als Puppelche geniert gouf, ass ee méi gescheit an et verdéngt ee méi Suen. Dat geet aus enger neier Etude ervir, déi am Fachmagazin „The Lancet“ publizéiert gouf an déi vun der brasilianescher Uni vu Pelotas duerchgefouert gouf. De sozialwirtschaftleche Status vun der Mamm hat bei dëser Etude bal keen Afloss op d'Auswäertung vun de Resultater.
D'Etude seet, datt wann d'Kand méi laang geniert gouf (bis zu 12 Méint), desto méi grouss waren d'Virdeeler. E Mënsch, deen als Puppelchen op d'mannst ee Joer laang Mammemëllech krut hätt der Etuden no 4 IQ-Punkte méi, ass bal ee Joer laang méi laang an d'Schoul gaangen an huet ëmgerechent knapp 100 Euro de Mount méi verdéngt am Verglach mat Kanner, déi guer net oder net sou laang geniert goufen.