Frankräich wëll ënnergewiichteg Mannequine verbidden

D'Gesondheetsministesch Marisol Touraine ënnerstëtzt deen neie Gesetzesvirschlag vum Olivier Véran géint ënnergewiichteg Mannequinen.
Den éischte Changement, deen de sozialisteschen Deputéierten Olivier Véran ëmsetze wëll, ass d'Verbuet, an Zukunft Mager-Modelen ze buchen. D'Mannequine sollen op d'mannst e "Body-Mass-Index" (BMI) vun 18,5 opweisen. Sollten d'Agencë sech net dorunner halen, musse si mat enger Prisongsstrof vu 6 Méint oder mat enger Geldstrof vu 75.000 Euro rechnen. D'Parlament wäert viraussiichtlech um Enn vum Mount decidéieren, ob dëst Gesetz duerchgesat gëtt.
Déi zweet Propositioun vum Deputéierten dréint ëm "Opwäertung vun iwwerméisseger Goueregkeet". Am Viséier si virun allem Internetsäiten déi Anorexie verherrlechen a jonke Fraen Tipps gi wéi si Deeg laang ouni Iessen auskommen. Och Bedreiwer vun den entspriechende Säite mussen ënner Ëmstänn mat enger Geldstrof rechnen.
De Véran, deen och Neurolog an der Uniklinik zu Grenoble ass, seet, datt a Frankräich 30.000 bis 40.000 Persounen un enger mentaler Anorexie leiden. De sozialen Afloss, deen d'Welt vun der Moud verbreet, datt Frae krankhaft dënn mussen si fir kënnen op Defilée matzelafen, ass enorm staark.
D'Ministesch Tourraine ënnerstëtzt dem Véran seng Propositiounen a fënnt, datt Mannequine sech gesond sollen ernieren, sou an engem Interview mam Sender "BFMTV". Dat wier virun allem fir jonk Fraen e wichtege Message, déi an dëse Modelen en ästhetescht Virbild gesinn.
Aner europäesch Länner wéi Spuenien, d'Belsch oder Italien hu schonn esou e Gesetz duerchgesat.