De Fokus bei dëser Ernährung läit virun allem op Uebst, Geméis an Nëss. Gezockert Saachen a raffinéiert Kuelenhydrater sollen evitéiert ginn.

Den amerikaneschen Dokter Mark Hyman ass op d'Iddi komm déi reng planzlech mat der Steenzäit-Ernährung ze kombinéieren. A sengem Blog erkläert hie wéi ee seng Ernährung ëmstellt fir zum Peganer oder och nach zum Paleo-Veganer ze ginn.

Déi reng vegan Ernährung baséiert sech op Geméis, Uebst, Nëss a planzlech Uelecher. Veganer evitéieren all Liewensmëttelen déi vun Déieren ofstamen, wéi Fleesch, Fësch, Eeër a Mëllechprodukter.

Am Ënnerscheed dozou fuerdert d'Paleo-Ernährung sech wéi eis Virfahren aus der Steenzäit z'ernieren. Virun allem virpréparéiert Produiten a Mëllechproduite ginn hei vermidden. Fleesch däerf ee bei dëser Ernährung awer zou sech huelen.

De Mark Hyman huet elo genee tëschent deenen zwou Ernährungen en neien Trend geschaf. Déi gréisst Gemeinsamkeet déi Paleo- a vegan Ernährung hunn, ass den Interessi un frësch onvirbereete Liewensmëttelen, déi nohalteg produzéiert ginn.

Hei e puer allgemeng Regelen:

- Grondregel: D'Portioun vum Fleesch däerf maximal 1/4 vum Teller anhuelen. 3/4 vum Teller solle mat Geméis gefëllt ginn. Wat méi faarweg, wat besser ass hei d'Motto, well dat bedeit, datt vill planzlech Stoffer enthale sinn, déi d'Gesondheet positiv beaflossen.

- Fett ass net gläich Fett: Sonneblummen-, Mais-, a Soja-Ueleg, virun allem déi mat engem héijen Omega-6-Fettsaierwäert, solle vermidde ginn. Besser sinn Omega-3-Fetter, wéi zum Beispill Olivenueleg, Nëss oder Avocado.

- Fleesch: Hei soll opgepasst ginn, datt d'Fleesch vu Kéi ofstamen, déi mat Gras gefiddert goufen. Doduerch soll eng besser Qualitéit vum Fett a méi Vitaminne garantéiert ginn.

- Zocker: Egal a wéi enger Form: Zocker soll evitéiert ginn. Hunneg an Ahornsirup sinn a klenge Moossen an der Rei.

- Bounen an Ierbessen: Sougenannten "Hülsenfrüchte" sollen net méi wéi eng Tas pro Dag konsuméiert ginn. Och wa si eng gutt Quell fir Ballaststoffer, Vitaminnen a Mineralstoffer sinn, kënne se zu Verdauungsproblemer féieren.

- Weess, Kar a Spelz solle Peganer evitéieren. Pestiziden, Antibiotika an allgemeng genmanipuléiert Liewensmëttel sinn an der peganer Ernährung onerwënscht.