Déi nei Traitementer géint d'Hepatite C hu manner Niewewierkungen, wéi deéi klassesch a si méi efficace.

Mat der klassescher Behandlung ka ronn d'Halschent vun de Fäll geheelt ginn, mat deenen neien Traitementer op d'mannst 90 Prozent. Een Hoke gëtt et awer an dat ass de Präis.

AUDIO: Hepatite C / Reportage Dany Rasqué

En Traitement kascht pro Patient tëschent 50.000 an 80.000 Euro, just als Verglach, déi Medikamenter, déi ee bis elo krut, kaschten tëschent 8.000 a 16.000 Euro. Bei sou engem héije Präis behandelt een den Ament just déi Patienten, bei deenen et dringend ass, well soss méi e grousse Schued an der Liewer entsteet, esou de Vic Arendt, Spezialist fir Infektiounskrankheeten. Et sinn och nei Medikamenter, wou een awer nach net genau ka soen, op net nach bis elo onbekannten Niewewierkungen kéinten optauchen, well se bis elo eréischt vun e puer dausend Leit geholl goufen.

De Vic Arendt geet dovunner aus, datt zu Lëtzebuerg ongeféier 3.000 Leit eng aktiv Hepatite C hunn. Hinnen dierften déi nei Medikamenter Courage maachen a si dierften och net sou deier bleiwen, wéi se aktuell sinn.

De Vic Arendt mengt, datt d'Präisser nach erof ginn, ënnert anerem, well d'Patientenorganisatione groussen Drock maachen an och d'Gouvernementer net bereet sinn, esou héich Zommen ze bezuelen. Elo wou och Medikamenter vu 4 oder 5 Firmen um Marché sinn, geet och de Konkurrenzkampf lass. Mä déi Firme wëlle jo och hiert d'Geld maachen a wäerten esou och net ënner e gewësse Präis goen. Verschidde Länner, wéi Portugal, Frankräich a Spuenien hu schonn e Präis ausgehandelt. Et kann een, sou de Vic Arendt, dovunner ausgoen, datt de Präis ëm bis zu 40 Prozent ka falen.

A wéi vill Fäll Leit am Grand Duché un enger Hepatite C stierwen, ass net gewosst, seet de Vic Arendt. Gewosst ass just, datt 20 Prozent vun de Patienten, déi eng chronesch Infektioun hunn, no 20 bis 30 Joer eng Liewerzirrhose kréien a méi e klenge Prozentsaz kritt Liewerkriibs.