Grouss a voluminéis Lëpsen ouni Botox? Mat engem Schnappsglas an e bëssen Ënnerdrock geet dat ganz einfach, ma d'Risike kennen déi wéinegst.

D'Reality-TV-Starlet a Member vun der Kardashian-Famill Kylie Jenner huet et virgemaach... an dausende Jugendlecher maachen et no. Nëmmen e puer Minutte setzt ee sech e Schnappsglas oder eng Fläsch op d'Lëpsen an et kreéiert een en Ënnerdrock a schonn huet ee grouss opgeblose Lëpsen.

Datt dat awer guer net gutt ass an esouguer richteg schlëmm Folge kann hunn, dat wëssen déi wéinegst Fans vun dësem neien Trend. Déi grouss Lëpsen entstinn nämlech duerch eng Schwellung, well ronderëm de Mond Ënnerbluddungen entstinn, deelweis kënnen dat esouguer richteg schwéier Hematome sinn. Wat ee méi laang saugt, wat d'Schwellung méi grouss gëtt. An esou ass scho munch esou Challenge schif an an der Urgence op en Enn gaangen. Op Twitter gesäit een an Tëschenzäit esouguer jonk Leit, déi esou iwwerdriwwen hunn, datt hir Lëpsen opgebascht sinn. Et kann een also wierklech just vun dësem Trend ofroden.