Mat Blutt vun HIV-Infizéierte Mënsche geschriwwen

© Vangardist.com
Eng speziell Editioun vum Männermagazin Vangardist ass mat Blutt vun HIV-Infizéierte Männer geschriwwen.
Mat dëser "Special Edition", déi just 3.000 Mol zu Wien gedréckt ginn ass, well ee beweisen, datt un HIV infizéierte Mënschen näischt béises ass an datt ee sech net einfach esou infizéiere kann.
Dës Exemplaire sinn zu 100 Prozent sécher, soen d'Maacher vum Vangardist. D'Blutt vun de Männer gouf mat enger üblecher Prozedur vun alle Vire befreit an dono nach eng Kéier vun engem Labo kontrolléiert, fir datt d'Zeitung 100 Prozent sécher wier. D'Blutt vun de Männer gouf mat der Tënt fir ze schreiwe vermëscht.
Donieft gouf op Twitter eng Diskussioun lancéiert, déi een iwwer den @HIVHEROES fënnt.